Et ass schwéier, e Pompjee un de Plaffong ze hänken 

Mee einfach, en Dampmelder z’installéieren

Obligatoresch an alle Wunnengen zënter Januar 2023

Firwat ass en Dampmelder gutt?

Am Fall, wou sech Damp entwéckelt, geet direkt den Alarm lass, Dir kënnt Iech esou séier wéi méiglech a Sécherheet bréngen an d‘Pompjeeën um 112 ruffen, grad an der Nuecht.

Wéi muss en installéiert ginn?

Den Dampmelder gëtt normalerweis mat enger Basis fir d’Fixatioun um Plaffong geliwwert. Nodeems Dir d’Lächer fir d’Ubrénge vun der Basis opgemoolt hutt (am beschten um Plaffong), buert Dir d’Lächer, setzt Dübelen an (déi dem Material ugepasst sinn, aus deem de Plaffong besteet) a schrauft dann d’Basis un de Plaffong.

Duerno fixéiert Dir den Dampmelder op der Basis, andeems Dir en am Sënn vun der Auer dropdréit. Duerno sollt Dir am beschten den Dampmelder testen, andeems Dir den Testknäppchen dréckt. Déi kleng rout Liichtche muss blénken, sou wësst Dir, datt den Dampmelder funktionéiert.

Wou sollt Dir en ophänken?

Den Dampmelder muss obligatoresch um Niveau vu Fluchtweeër an a Schlofkummeren ubruecht ginn. D’Ubrénge vun engem Dampmelder an anere Beräicher ass recommandéiert.

Een oder méi Dampmelder mussen obligatoresch vum Gesetz aus um Niveau vu Fluchtweeër an a Schlofkummeren ubruecht ginn.

Zousätzlech zu den obligatoreschen Zëmmere gëtt recommandéiert, fir en Dampmelder an der Wäschkichen, de Büroen, dem Heizungskeller an am Salon z’installéieren.

Et gëtt ofgeroden, fir en Dampmelder am Garage oder a fiichte Räim ze benotzen, wéi d’Kichen oder d’Buedzëmmer. De Waasserdamp oder den Damp dee beim Kachen entsteet kann den Dampmelder ouni reell Gefor ausléisen.

Wéi sollt Dir en ophänken?

Um Plaffong (oder, wann et net anescht geet, ganz uewen un enger Mauer), net direkt bei enger Luucht oder enger Ventilatioun / Klimaanlag.

F.A.Q.

Dampmelder

En Dampmelder muss mam „CE”-Symbol gekennzeechent sinn, dat bedeit, datt en den europäeschen Ufuerderungen an Normen entsprécht.

En Dampmelder kann een am Prinzip an de Baumäert, verschiddene Supermarchéen oder och a spezialiséierte Geschäfter kafen.

En Dampmelder kascht an der Reegel 10 € bis 20 €.

Et gëtt recommandéiert, den Dampmelder reegelméisseg ze testen, op d’mannst eemol de Mount, a virun allem, wann Dir eng länger Zäit net doheem waart.

Neen, fir de Rettungsdéngscht z’alarméieren, musst Dir um 112 uruffen.

D’Wunneng direkt verloossen, aus dem Gebai erausgoen an de Rettungsdéngscht op der Nummer 112 uruffen.

Wann de Melder mat Batterië funktionéiert, da mussen déi erausgeholl ginn.

An der matgeliwwerter Gebrauchsanweisung vum Dampmelder gëtt beschriwwen, wéi een d’Funktiounsfäegkeet vum Dampmelder teste kann. An der Reegel fënnt een op der Baussesäit e Knäppchen, deen een e puer Sekonne laang drécke muss, fir ze iwwerpréiwen, ob den Alarm funktionéiert.

A verschiddene Wunnenge sinn d’Dampmelder mat der Alarmanlag verbonnen an deemno un d’Stroumnetz ugeschloss, mee am Allgemenge funktionéiere si mat Batterien.

En autonomen Dampmelder erkennt Damp, genee wéi verschidden Zorten Donst, wärend den CO-Melder nëmmen Emissioune vu Kuelemonoxid, e Gas, deen ee weeder gesäit nach richt, erkennt.

D’Aktioun, déi bei der éischter Campagne lancéiert gouf a bei där Dampmelder gratis un d’Stéit verdeelt goufen, ass mëttlerweil eriwwer.

Installatioun

D’Fluchtweeër vun de Wunnengen an all d’Schlofkummere mussen obligatoresch mat engem oder e puer Dampmelder equipéiert ginn.

An deem Fall gëtt recommandéiert, den Dampmelder 6 Meter vun den Elektrogeräter (Kachplack asw.) ewech ze installéieren. 

Am Zweifelsfall a fir sécherzegoen, datt den Dampmelder fachgerecht installéiert gëtt, soll een d’Betriebsanleitung vum installéierten Dampmelder an déi matgeliwwert Gebrauchsanweisung zu Rot zéien.

Jo, en Dampmelder sollt net an der Géigend vu Ventilatiounen oder Belëftungs- a Klimaanlagen installéiert ginn. Fir speziell Instruktiounen an Installatiounsvirschrëfte soll ee sech un d’Uweisungen halen, déi mam Dampmelder geliwwert ginn.

Ob en Dampmelder Alarm ausléist, hänkt dovun of, wéi vill Damp do ass a wéi déck en ass. Wann Dir an engem Raum fëmmt, dee gläichzäiteg gelëft gëtt, gëtt den Dampmelder am Prinzip net ausgeléist. Et sollt een et awer vermeiden, direkt ënnert engem Dampmelder ze fëmmen.

D’Installatioun an d’reegelméisseg Kontroll vun engem Dampmelder mussen net obligatoresch vun engem Fachmann virgeholl ginn, si kënnen awer. Et soll ee sech an alle Fäll un d’Betriebsanleitung vum Dampmelder an déi matgeliwwert Gebrauchsanweisung halen.

An de gemeinschaftleche Beräicher vu Gebaier, déi de Statut vun enger Co-Proprietéit hunn, ass de Syndikat vun de Co-Proprietäre verantwortlech.
An de gemeinschaftleche Beräicher vu Gebaier, déi net de Statut vun enger Co-Proprietéit hunn, ass de Proprietär zoustänneg.
Zu de gemeinschaftleche Beräicher vun engem Gebai ziele besonnesch Duerchgäng (Fluchtweeër), Wäschkichen, Technikräim asw.

De Proprietär ass fir d’Installatioun vun engem oder méi Dampmelder verantwortlech an de Locataire ass fir den Entretien verantwortlech.

Legislatioun

Säit dem 1. Januar 2023 ass d’Iwwergangsperiod vun 3 Joer, déi am Artikel 9 vum Gesetz vum 6. Dezember 2019 iwwert déi obligatoresch Installatioun vun autonomen Dampmelder a Gebaier mat op d’mannst enger Wunneng festgeluecht ass, eriwwer.

All d’Gebaier, an deene sech op d’mannst eng Wunneng befënnt, si viséiert.

D’Gesetz gesäit keng Sanktioune vir, well säin Zil doranner besteet, d’Bevëlkerung dofir ze sensibiliséieren, datt et wichteg ass, Dampmelder z’installéieren, well si Liewe rette kënnen.

Neen, d’Gesetz schléisst dat ausdrécklech aus. D’Feele vum Dampmelder an der Wunneng stellt fir d’Assurancë keng Ausschlossklausel duer, fir net fir e Schued opzekommen. 

Dir fannt net dat wat Dir sicht?

Kontaktéiert eis

Är Donnéeë ginn als Email un de CGDIS geschéckt a ginn net op dësem Internetsite stockéiert.

Eng Initiativ vum

Ministère des Affaires intérieures
Corps Grand-Ducal Incendie et Secours