De 19. November 2019 ass dat neit Gesetz zu der Dampmelderpflicht an der Chamber gestëmmt ginn. Dëst Gesetz ass den 1 Januar 2020 a Kraaft getrueden a bezitt sech op di obligatoresch Installatioun vun Dampmelder a Gebaier déi op mannst eng Wunneng enthalen.
Ab dem 1 Januar ass esou mat d’Ubrénge vun Dampmelder an Neibauten obligatoresch. D’Dampmelder mussen dann um Niveau vun Fluchtweeër an a Schlofkummeren ubruecht ginn. An 3 Joer wäert d’Dampmelderpflicht vir all Haushalt am Land gëllen.
Am Fall, wou sech Damp entwéckelt, geet direkt den Alarm lass an Dir kënnt Iech esou séier wéi méiglech a Sécherheet bréngen an d‘Pompjeeën um 112 ruffen, grad an der Nuecht.
D’Gesetz bezitt sech op all Gebaier di op mannst eng Wunneng enthaalen.
Säit dem 1. Januar 2020 gëllt d’Dampmelderpflicht fir all Neibauten. Ab 2023 wäert d’Gesetz vir all Haushalt am Land gëllen.
Den Dampmelder muss obligatorësch um Niveau vu Fluchtweeër an a Schlofkummeren ubruecht ginn. D’Ubrénge vun engem Dampmelder an anere Beräicher ass recommandéiert.
Um Plafong (oder, wann et net anescht geet, ganz uewen un enger Mauer), net direkt bei enger Luucht oder enger Ventilatioun / Klimaanlag.
Fir déi eenzel Schrëtt vun der Installatioun liest w.e.g. d‘Gebrauchsanweisung vum jeeweilege Modell.
Den Dampmelder muss konform zu de Norme sinn an e muss mat dem CE Symbol gekennzeechent sinn.
D’ Installatioun fällt dem Propriatär oder dem Syndikat vun de Co-Proprietären zou. Den Entretien vum Dampmelder fällt dem Bewunner vum Logement oder dem Syndikat vun de Co-Proprietären zou.
Den Dampmelder am beschten 2 mol am Joer op seng Fonktionnalitéit préifen.